Häerzlech Wëllkomm 

Op menger Säit weisen ech iech wat ech alles sou bitzen. 

Ech sichen ëmmer no flotte an praktesche Saachen. 

Vill vu menge Produkter sinn doduerch entstanen 
well ech se selwer gebraucht hunn oder si hunn mir gutt gefall. 

Alles gëtt vu mir selwer hiergestallt. 

Verschidde Schnëttmuster si vu mir, aner Schnettmuster hunn ech kaaft. 
Bei all Produkt steet dobäi vu wiem Schnëttmuster ass. 

Bei " Wat ech bitzen " an "Galerie" gesitt dir  wat ech alles sou bitzen.
Vill Spaass beim Entdecken.


Iwwert mech

Mäin Numm ass Nathalie an ech sinn 1978 gebuer. 

Ech hunn nach ëmmer gäre gebastelt, bricoléiert, gebak an Neies Ausprobéiert.


Ufanks vum Joer 2020 wousst ech mol nach net wei meng Bitzmaschinn géif funktionéieren. Mam éischte Lockdown vum Corona hunn ech ugefaangen am Abrëll 2020 Masken ze bitzen.

Nodeems ech iwwert 500 Maske gebitzt a verschenkt hat, hunn ech Spaass um Bitze fonnt an hunn ugefaangen fir eisen Jong Kleeder ze bitzen. 

Erausfuerderung mech ëmmer rëm un Neies ze woen, ass all Dag méi grouss ginn. 

Alles hunn ech mir selwer bäibruecht iwwert YouTube. Vill Videoen op Däitsch an och op Englesch hunn ech mir ugekuckt.

Natierlech goufen et och Fehlschléi a Prototyppen déi an der Poubelle gelant sinn. Dat huet mech awer net  dovun ofgehalen fir weider ze maache bis et mir sou gefält  wei ech mir dat virgestallt hunm.

Ee fäerdegen Produit  a mengen Hänn ze halen ass eng grouss Freed fir mech.  Net ze vergiessen, dass siche an akafe vun flotte Stëfter mir och immens Freed mech.

Am Ufank vum Joer 2022 ass de Wonsch ëmmer méi grouss gi fir meng Produkter ze verkafen, an sou hunn ech mech op de Wee gemaach fir déi neidesch Autorisatiounen unzefroen. 

Mol kucken wou meng Rees mech vläicht nach hin feiere wäert.


Wëlls du méi wëssen?